Reservéierung
49, rue de Macher, L–5550 Remich 26 66 02 06

Dëschreservéieren








    D’Wäibar

     

    EisPhilosophie

    An eisem Land gëtt et méi wéi nëmme Fussball oder d’Philarmonie, a genau dat soll een och an der Wäibar empfannen an erliewen.

    D’Wäibar versicht nei an eenzegaarteg Iddien a Konzepter ronderëm de Wäin zu Lëtzebuerg ze entwéckelen an ze realiséieren. Ugefaang mat der „Wäibar“ an där et als eenzeg am Land exklusiv lëtzebuergesch Wäiner ginn.

    Mä net nëmmen déi lokal Wäikultur, och fir eis Iesskaart setze mir virun allem op héichwäerteg regional Produiten. Nieft enger gudder Schmier oder Tarte flambée ginn et an der Wäibar och Kéis- a Charcuteriestelleren, an am Nomëtten och mol e gutt Stéck Toart.

    Zil vun der Wäibar ass et de Leit déi Lëtzebuerger Wäiner an engem flotten a gesellege Kader méi no ze bréngen. An enger gemittlecher Ambiance gëtt et mol endlech rëm en Treffpunkt fir d’Leit aus der Regioun a vun ausserhalb: Et kann ee mol erëm ee „gudden huele goen“.

    Är Wäibar Ekip